Wee si mir?

1982 gouf zu Groussbus eng Sektioun vun der Amiperas gegrënnt, déi wéinst Divergenzen  am nationalen Daachverband, am Joer 2006 opgeléist ginn ass.

Dorops hin gouf dunn den 24. Mee 2006  zu Groussbus ee neien Veräin ënnert dem Numm Freizeitfrënn Gemeng Groussbus a.s.b.l. gegrënnt. Déi nei Statuten goufen den 19. Juli 2006 beim Enregistrement zu Dikrech hannerluecht.

Am éischte Comité waren:

Zampicinini Joseph, President

Majerus Emile, Vize-President

Martin Jeanny, Sekretär

Martin Joseph, Caissier

Ewertz-Wagener Maria, Member

Hoffmann-Mangen Lucie, Member

Lentz Margot, Member

Olsem Alphonse, Member an

Schroeder-Seyler Annette, Member

Den Zweck vun eisem Veräin ass et fir déi eeler Generatioun aus der Gemeng an Ëmgéigend, egal vu wellechem Alter, Geschlecht, Hierkonft oder Relioun, reegelméisseg zesummen ze bréngen, fir hinnen d'Geleeënheet ze bidden Ofwiesslung vum Alldag ze ginn, an dat, an aller Frëndschaft.

Deen ofwiesslungsräiche Programm fannt dir an eisem Menü "Kalenner". Wärend de Schoulvakanzen sinn an der Reegel keng Aktivitéiten vum Veräin.

P.s.: Mir fannen et wichteg, fir d'Leit doriwwer ze informéieren, dass eng Memberskaart an eisem Veräin net verflichtend ass, fir un all Aktivitéit deel ze huelen. Dir kritt bei enger Memberschaft vun eis ee Programm geschéckt, resp. fannt dir deen op eiser Homepage, an dir kennt Iech erauspicken, wou dir wëllt matgoen, a wou net, ouni Verflichtung.